Eldoradio Xclusiv 16. OktoberZedd, Kehlani - Good Thing

De russesch-däitsche Museksproduzent Zedd presentéiert eng gemeinsam Single mat der R&B-Sängerin Kehlani

Leschten Update: 17.10.2019, 16:05:08

© Youtube screenshot

Fakten
Good Thing" ass déi éischt gemeinsam Single vum russesch-däitsche Museksproduzent Zedd an der amerikanescher R&B-Sängerin Kehlani. Bei "Good Thing" weist de Zedd seng musikalesch Villsäitegkeet. De Song ass een entspaanten R&B/Pop-Song.


Aussergewéinleches
De Zedd ass musikalesch zwar beim EDM doheem. Inspiratioun fir seng Musek hëlt hien sech awer och gäre bei Gittaremusek vun der Band Silverchair oder experimenteller Musek vu Radiohead. Och "Good Thing“ ass éischter ee Pop- wéi een Elektro-Track.

Fréier Hits
De Zedd ass ee vun den ugesotsten däitschsproochegen DJen a Produzenten vun eiser Zäit. Ënner anerem seng Single “Clarity” gouf mat engem Grammy ausgezeechent. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris, Galantis, David Guetta

Lauschtert eran: