Eldoradio Xclusiv 18. OktoberTopic, Vigiland, Christopher- Let Us Love

Den däitsche Museksproduzent ass zréck mat enger neier Single zesumme mam Duo Vigiland a mam Newcomer Christopher

Leschten Update: 18.10.2019, 04:05:02

© Youtube screenshot

Fakten:
Den däitschen DJ a Produzent (Tobias) Topic huet seng Carrière am Alter vu 16 Joer ugefaangen. Deemools huet hie seng Lidder op Social-Media eraus bruecht, huet seng Videoe mat Ënnerstëtzung vu senge Frënn gedréit a säi Merchandise selwer gemaach. Mëttlerweil gouf de Museker scho mat Platin ausgezeechent. Fir de Song ‚Let Us Love‘ huet hie sech Ënnerstëtzung vum schwedeschen DJ-Duo Vigiland an dem däneschen Newcomer Christopher geholl.

Aussergewéinleches:
Ugefaangen huet de Fils vun engem kroateschen Papp an enger däitscher Mamm seng Carrière schonn am Alter vu 16 Joer mat de  Filmer vun éischte Musek-Videoen zesumme mat Frënn an dem Verkaf vu Merchandise fir YouTube-Staren, quasi direkt aus der Kiche vu senger Mamm.
 

Fréier Hits
Den Duerchbroch war dem Topic Ufank 2016 gelongen, wéi seng 2. Single „Home“ (feat. Nico Santos) Plaz 1 vun den däitschen Aiplay-Charts erreecht huet a mat Gold ausgezeechent gouf.  Nieft enger Dose Singelen (dorënner Hits mam Ally Brooke vu Fifth Harmony an Jake Reese) huet den Topic och Produktioune fir aner Acts (Kayef, Liont u.a) gemaach.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Flo Rida, Benny Blanco, Mike Posner

Lauschtert eran: