Eldoradio Xclusiv 22. OktoberSam Hunt - Kinfolks

Den US-amerikanesche Countrysänger a Songwriter ass zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 22.10.2019, 14:37:43

© Youtube screenshot

Fakten
No engem Joer Paus ass den amerikanesche Sänger Sam Hunt zréck mat senger neier Single „Kinfolks“. Et ass deen éischte Virgeschmaach op säin 2. Studioalbum, deen Ufank 2020 releast gëtt.



Aussergewéinleches

Wärend senger Schoul- a Studienzäit war de Sam Hunt een erfollegräichen American-Football-Spiller an hien huet als Quarterback fir d'Middle Tennessee State University an d'University of Alabama at Birmingham gespillt. Nom Enn vu senger Ausbildung huet hie sech awer géint eng méiglech Sportlerkarriäre decidéiert, an eng Carrière als Museker ageschloen.



Fréier Hits
Säin Duerchbroch hat hien mat senger éischter Single am  Summer 2014 mam Song "Leave the Night On". D'Lidd huet d'Spëtzt vun de Country-Charts erreecht a koum an den offizielle Singlecharts op Plaz 30.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Luke Bryan, Lady Antebellum



Lauschtert eran: