Eldoradio Xclusiv 23. OktoberAu/Ra x Alan Walker - Ghost

Den Alan Walker ass zréck mat enger neier Single!

Leschten Update: 23.10.2019, 09:36:20

© YouTube Screenshot

Fakten:
De britesch-norwegesche Produzent an DJ Alan Walker huet zesumme mat der Sängerin Au/Ra eng nei Single mam Titel "Ghost" erausbruecht. "Ghost" ass ee vun de Soundtracks vum Videospill "Death Stranding: Timefall", dat den 8. November op de Maart komme soll. 

Aussergewéinleches:
"Ghost" ass net deen éischte Release bei deem den Alan Walker an d'Au/Ra zesummegeschafft hunn. Schonn um Alan Walker sengem Song "Darkside" aus dem Joer 2018 hat d'Au/Ra d'Vocals bäigesteiert.

Fréier Hits:
Den Alan Walker ass 2015 am Alter vun nëmmen 18 Joer mat senger Debut-Single "Faded" bekannt ginn. "Faded" huet an iwwer 20 Länner di éischt Plaz an den Charts erreecht a gouf ronn 1,5 Milliarde Mol gestreamt. Op der Lëscht vun den 100 beschten DJs vun der Welt steet den Alan Walker op der Plaz 27.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jonas Blue, The Chainsmokers, Kygo


Lauschtert eran!