Eldoradio Xclusiv 24. OktoberEasy Life - Nice Guys

Di britesch Band Easy Life huet eng nei Single erausbruecht!

24.10.2019, 05:00:50

© YouTube Screenshot

Fakten:
Easy Life si 5 jonk Museker vu Leicester. Gegrënnt ginn ass d'Band am Joer 2017 vum Murray Matravers a sengem Schoulkolleg Sam Hewitt. De Bandnumm "Easy Life" steet fir d'Flucht virum Drock deen di modern Gesellschaft engem opzwéngt. Easy Life si virun allem a Groussbritannien aktuell richteg ugesot!

Aussergewéinleches:
Easy Life waren dëst Joer um Glastonbury Festival den Headliner vun der BBC Introducing Stage. Ausserdeem ass hir lescht Single "Earth" vun der bekannter Radio-Animatrice Annie Mac zum "Hottest Record in the World" op BBC Radio 1 gewielt ginn.

Fréier Hits:
Esou richteg op sech opmierksam gemaach, hunn Easy Life mat hirem Mixtape "Spaceships", deen am Februar vun dësem Joer erauskomm ass. Dorop ass ënnert anerem d'Single "Sunday". Hir EP "Spaceships" hu si och op enger UK-Tour presentéiert, déi komplett ausverkaaft war. Virun 3 Méint hunn Easy Life dunn hir erfollegräich Single "Earth" erausbruecht. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lauv, Blackbear, Chance the Rapper


Lauschtert Eran!