Eldoradio Xclusiv 25. OktoberFelix Jaehn, Mesto ft. VCATION - Never Alone

De Felix Jaehn huet eng nei Single erausbruecht!

Leschten Update: 25.10.2019, 05:00:02

© YouTube Screenshot

Fakten:
2019 ass e produktiivt Joer fir de Felix Jaehn. No "All The Lies" a "Love On Myself" huet den däitschen DJ a Produzent eng weider Single mam Titel "Never Alone" released. Hien huet dofir mam hollänneschen DJ Mesto a mam Duo VCATION zesummegeschafft. VCATION, dat sinn de Michel Zitron an John Martin - am Moment zwee vun deenen ugesoteste Songwriter, Produzenten a Sänger aus Schweden. Den John Martin hat iwweregens d'Vocals um Swedish House Mafia-Hit "Don't You Worry Child" gesongen.

Aussergewéinleches:
De Felix Jaehn war schonn als klengt Kand begeeschtert vun der Musek, mat 6 Joer huet hien ugefaange Gei ze spillen. Als Teenager huet hien sech säin éischt DJ-Equipement kaaft an huet sech selwer bäibruecht wéi een opleet. No senger Première ass hie mat 17 Joer op London geplënnert an ass do ee Joer an d'"Point Blank Music School" gaangen. Wéi de Felix Jaehn erëm zréck an Däitschland war, huet hien ugefaangen selwer ze produzéieren an huet esou de Grondsteen fir seng Karriär geluecht.

Fréier Hits:
2014 huet de Felix Jaehn mat engem Remix vum Omi sengem Titel "Cheerleader" säi groussen Duerchbroch gefeiert. "Cheerleader (Felix Jaehn Remix)" war di zweet Single-Auskopplung vum Felix Jaehn sengem Debut-Album "I".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Robin Schulz, Alle Farben, Lost Frequencies


Lauschtert Eran!