Eldoradio Xclusiv 28. OktoberColdplay - Orphans

Coldplay ass zréck mat enger neier Single!

28.10.2019, 05:00:20

© YouTube Screenshot

Fakten:
D'Coldplay-Fans dierfen sech freeën: Den 22. November bréngt di britesch Band nämlech endlech en neien Album mam Titel "Everyday Life" eraus! Elo sinn dann och di zwou éischt Single-Auskopplungen dobaussen, "Orphans" an "Arabesque". An engem Interview sot de Coldplay-Frontmann Chris Martin, datt d'Band mam Album "Everyday Life" probéiert de Sënn vum Liewen ze verstoen an hire Fans matzedeelen wat si fillen. 

Aussergewéinleches:
Den neie Coldplay-Album "Everyday Life" gëtt am Fong eng Duebel-LP an déi zwou CDen wäerte ganz wahrscheinlech och ënnerscheedlech kléngen. Di zwou Säiten hunn och Ënnertitelen: "Sunrise" a "Sunset". Fir d'Titellëschten ze annoncéieren hate Coldplay sech iwwregens eng witzeg Aktioun afale gelooss: An diversen Zeitunge ronderëm d'ganz Welt ass d'Lëscht mat den Tracks als kleng Annonce publizéiert ginn.

Fréier Hits:

Coldplay hunn am Joer 2000 mam Debut-Album "Parachutes" hire groussen Duerchbroch gefeiert, fir "Parachutes" krute si 2001 och e Grammy an der Kategorie "Best Alternative Music Album". Hir bekannteste Songs bis haut sinn ënnert anerem "Viva La Vida", "The Scientist" oder "Paradise".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Keane, OneRepublic, Snow Patrol


Lauschtert Eran!