Eldoradio Xclusiv 29. OktoberLizzo – Good As Hell

D'Melissa Jefferson alias Lizzo steet fir Fraepower, Self-Love, a Body Positivity.

Leschten Update: 29.10.2019, 11:15:02

Fakten
D'Melissa Jefferson alias Lizzo ass schonn zanter 10 Joer um Start. De Message ass kloer: “Mirror, mirror on the wall, don´t say it´cause I know i`m cute”. Hutt iech selwer gären sou wéi der sidd an sot iech dat och! „Good As Hell“ ass  um Lizzo senger Debüt-EP COCONUT OIL ze fannen, déi sech mat Theme wéi Bodypositivity an eege Léift beschäftegt.

 

Aussergewéinleches
D'Sängerin a Rapperin vu Minneapolis modelt niewebäi fir Plus-Size Labels an engagéiert sech fir di  gläichgeschlechtlech Léift. Alles mam Hannergrond, d'Mënschen doran ze stäerken si selwer ze sinn. Well Musek a Modelen eleng him net duer ginn, produzéiert d'Lizzo ausserdeem d'Online-Serie “Big Girls Small World“.



Fréier Hits

Musikalesch ass d'Lizzo fir d'éischte Kéier am Kader vum Album „Indescribable Colours“ mat sengem Elektro-Soul-Pop am Joer 2010 opgefall. Dono koum de Soloalbum  „Lizzobangers“ (2013) mat deem éischt Touren an den USA a UK gespillt huet. Säi gréisste Succès bis haut war seng Single "Juice". Ausserdeem huet hatt mat Kënschtler wéi Clean Bandit a Bastille zesumme geschafft. 



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Missy Elliott, Janelle Monae, Beyoncé

Lauschtert eran: