Eldoradio Xclusiv 30. OktoberMaitre Gims, Sting - Reste

De Maître Gims kënnt den 20. Mäerz 2020 zréck op Lëtzebuerg, fir e Concert an d'Rockhal

Leschten Update: 30.10.2019, 03:10:01

© Youtube screenshot

Fakten
2 ënnerschiddlech Personnagen hu sech gesicht a fonnt.  Dem Sting gefält di eenzegaarteg Stëmm vum franséische Rap-Superstar mat kongoleseschem Pass. A fir de Gims gëtt mam Duett mam fréiere Police-Frontmann, een Dram Realitéit. Et ass de perfekte musikalesche Match.


Aussergewéinleches
De Sting huet scho vill Duetter gesongen. De fréiere Police-Frontsänger huet mat deene gréisste Staren scho Lidder opgeholl , dorënner Eric Clapton, Tina Turner, Stevie Wonder, Mylène Farmer oder viru kuerzem mam Shaggy. Elo huet hien mam Maître Gims eng Single opgeholl. D'Lidd ass op der Re-Editioun vun "Ceinture Noire" ze fannen, dee leschten Album vum Maître Gims. Am Metro zu Lyon hu béid Museker de passende Video opgeholl.




Fréier Hits

De Sting ass bekannt mat Hits wéi "Englishman in New York, Roxanne" an "Every Breath you take". De Maître Gims hat Hits wéi "Est-ce que tu m'aimes" a "J'me tire" .


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Soprano, Louane, Aya Nakamura


Lauschtert eran: