Eldoradio Xclusiv 31. OktoberSidhu Moose Wala- 47

Orientalesche Sound vum indesche Museker Sidhu Moose Wala

31.10.2019, 02:21:23

© Youtube screenshot

Fakten
De Sidhu Moose Wala ass een indesche Sänger a Songwriter, dee mat Punjabi-Musek a Verbindung bruecht gëtt. Hien huet seng Karriäre mat Songwriting fir aner Kënschtler a seng Gesangscarrière mat engem Duett mam Titel "G Wagon" ugefaangen. Zesumme mam Producer Steel Banglez, mam britesche Rapper Mist a mat der britescher Sängerin Stefflon Don huet hien d'Single "47" eraus bruecht.

Aussergewéinleches
Nieft senger Musekskarriäre ass de Sidhu och als Acteur an der "Punjabi Film Industrie" ënnerwee. Seng éischt Roll hat hien am Film "Yes I Am Student" vu senger eegener Produktiounsfirma "Jatt Life Studios". 




Fréier Hits
Fir seng Single "So High" gouf de Sidhu 2017 bei Brit Asia Music Awards mam "Best Lyricist Award" ausgezeechent.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Panjabi MC, Gym Class Heroes, Alex Gaudino


Lauschtert eran: