Eldoradio Xclusiv 4. NovemberMaisie Peters - This Is On You

D'Maisie Peters presentéiert d'Leadsingle vu senger neier EP

Leschten Update: 04.11.2019, 03:32:02

© Youtube screenshot

Fakten
Ënnert dem Titel "It’s Your Bed Babe, It’s Your Funeral" huet di britesch Sängerin de 4. Oktober hir nei EP eraus bruecht. "This Is On You" ass déi éischt Single doraus.

Aussergewéinleches
 "This Is On You" ass ee Lidd iwwert den ondankbaren Ex-Frënd. Wéi di 19 Joer Britin seet, ass de Message vum Song, dass ee sech selwer acceptéiere soll. 




Fréier Hits
D'Maisie Peters huet seng Karriäre ugefaangen, andeems hatt fir YouTube Lidder wéi "Toast", "Birthday" a "First place" opgeholl huet. Säin Debütalbum "Dressed Too Nice For A Jacket" ass am  November 2018 eraus komm.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Freya Ridings, Matt Simons, Tom Walker


Lauschtert eran:



Links