Eldoradio Xclusiv 6. NovemberDua Lipa - Don't Start Now

Nom Summerhit „One Kiss“ mam Calvin Harris ass d'Dua Lipa elo zréck mat der éischter Single vum neien Album.

Leschten Update: 06.11.2019, 03:03:03

© eldo

Fakten:
Op sengem neie Wierk fänkt d'Dua Lipa een nei Kapitel un. Fir d'Dua Lipa start mam 2. Album „eng ei Ära, mat engem neie Sound“. Dat weist och déi éischt nei Single „Don’t Start Now“ - eng Adrenalin-gelueden, Nu Disco-Danznummer mat positivem 80s Vibe.


Aussergewéinleches:
Mat 15 huet d'Dua Lipa seng Elteren iwwerriet, seng Heemecht Kosovo eleng verloossen ze dierfen, fir zu London seng musikalesch Carrière ze lancéieren. Hatt huet an engem Restaurant geschafft an niewebäi Coversongs vu sengen Ikonen opgeholl – wéi Christina Aguilera an Nelly Furtado – an d'Tracks op Youtube gestallt. Seng Carrière koum a Schwong, wéi hatt an engem Trailer fir di britesch Talentshow "The X Factor" matgewirkt huet, an de Management vum Lana Del Rey sou op hatt opmierksam gouf. 

Fréier Hits
2016 huet d'Dua Lipa den Duerchbroch erlieft mat de Singelen "Hotter Than Hell", "I’m The One" an "Blow Your Mind". 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lorde, Tove Lo, Rita Ora

Lauschtert eran: