Eldoradio Xclusiv 7. NovemberHaim - Now I'm In It

Den amerikaneschen Trio ass zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 07.11.2019, 14:29:55

Fakten:
De Schwësteren-Trio Haim vu Los Angeles huet no „Summer Girl“ di 2. Single fir dëst Joer eraus bruecht. Fir 2020 ass och en neien Album an der Pipeline, de genee'e Releasedatum ass allerdéngs nach net bekannt.



Aussergewéinleches:
An „Now I’m In It“ behandelen Haim hire Kampf mat Depressiounen. Dat hunn si och ganz oppe bei Instagram zouginn. Ënnert engem Post, deen de Video zur Single ukënnegt, schwätzen si vum Gefill, an engem donkele Lach gefaangen ze sinn. An doriwwer, wéi schwéier et war, dës Zäit duerchzestoen an do nees eraus ze kommen.




Fréier Hits
Nieft den 2 Singele „Summer Girl“ an „Now I’m In It“ sinn Haim dëst Joer schonn als Feature bei der Charlie XCX Single „Warm“ opgedaucht. D'Danielle Haim, eng vun de Schwësteren, ass ausserdeem bei am ganzen 3 Songs vum aktuellen Album vun der Indierockband „Vampire Weekend“ vertrueden.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lykke Li, Lorde, Ellie Goulding

Lauschtert eran: