Eldoradio Xclusiv 8. NovemberBilderbuch - Kitsch

No Mr. Refrigerator“ ass déi éisträichesch Indiepopband zréck mat enger neier Single 

Leschten Update: 08.11.2019, 04:18:02

© eldo

Fakten
No hirem aktuellen a 6. Album "Vernissage My Heart“ si Bilderbuch elo zréck mat hirer neier Single „Kitsch“ . Den Track wierkt fir Bilderbuch-Verhältnisser éischter roueg, awer net ongewinnt. Experimentell, verzerrte Gittaren treffen op een dynamesche Bass.Ob Bilderbuch een neien Album an der Pipeline hunn, ass nach onbekannt. Wat mir wëssen: Fir de Festivalsummer 2020 stinn e puer Concerten un, ënner anerem beim Rock am Ring!


Aussergewéinleches:
Bilderbuch hu sech schonn 2005 gegrënnt. Deemools waren si ënner anerem d'Besetzung vun enger Schülerband an hirer Klouschterschoul zu Kremsmünster an Éisträich.



Fréier Hits
En éischten Hit haten d'Éisträicher am Joer 2013 mat hirem "Maschin". Dono konnte si mat "Bungalow" och déi leschte Kritiker vu sech iwwerzeegen. 


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Wanda, Kraftklub & AnnenMayKantereit


Lauschtert eran: