Eldoradio Xclusiv 11. NovemberClass Photo- Yeah You Break

De Patrick Morris alias Class Photo presentéiert seng 3. Solo-Single

Leschten Update: 11.11.2019, 04:54:01

© Youtube screenshot

Fakten:
De Patrick Morris huet fréier an der Indiepopband STRFKR an an der Discorockband STRENGTH gespillt, an ass zanter 5 Joer solo ënnerwee.  Mat engem Mix aus Synthiepop, Elektrofunk an Alternative Rock iwwerzeegt hien och d'Fans vu senge fréiere Bands.  Dëse Mount huet hie säi Solodebütalbum "Light Years Later" eraus bruecht. 



Aussergewéinleches:
Obwuel hien säin Album doheem a senger Garage zu L.A. opgeholl huet, ass hie viru kuerzem an Norwegen geplënnert, d'Heemechtsland vu senger Fra.




Fréier Hits
No den éischten zwou Singelen “I’ve Been Cleaning Up Your Room” an “Hard Conversation” ass hien elo zréck mat senger 3. Solo-Nummer “Yeah You Break (My Heart)”. 




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Synapson, Yuksek, Miike Snow



Lauschtert eran: