Eldoradio Xclusiv 13. NovemberPaul Kalkbrenner- No Goodbye

Mam Song "No Goodbye" stellt den däitsche Museker op en neits säi Gefill fir gutt Techno-Beats ënner Beweis.

Leschten Update: 13.11.2019, 04:04:00

© eldo

Fakten:
An de leschte Joren huet de Paul Kalkbrenner seng Fans mat Songs wéi "Sky and Sand" oder "Cloud Rider" begeeschtert. Elo huet deen 42 Joer ale Kënschtler aus Däitschland ee weideren Hit am Gepäck. "No Goodbye" heescht di nei Single, déi sech och schonn eng Plaz an den däitschen Charts geséchert huet.


Aussergewéinleches:
D'Lyrics vun der Single "No Goodbye" handele vun engem gebrachenen Häerz. Oft sicht een a sou enger Situatioun Trouscht bei enger anerer Persoun. 



Fréier Hits
De Paul Kalkbrenner notéiert 250 Millioune Streams eleng op Spotify, grad wéi 172 Millioune Youtube-Streams. Ausserdeem war hien mam Album "7" op Plaz 1 vun den däitschen Charts a gouf als Headliner gebucht fir de renomméierte Sónar-Festival zu Barcelona.





Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Fritz Kalkbrenner, Klangkarussel, Alle Farben



Lauschtert eran: