Eldoradio Xclusiv 15. NovemberBlack Eyed Peas X J Balvin - Ritmo

Di gemeinsam Single „Ritmo“ ass Deel vum Soundtrack zum Kinofilm „Bad Boys For Life“ mam Will Smith an der Haaptroll.

Leschten Update: 15.11.2019, 04:03:01

© Youtube screenshot

Fakten:
D'Single baséiert op engem Sample vum Welthit „Rhythm Of The Night“ vun der Band Corona aus dem Joer 1993. Fir „Ritmo“ hunn J Balvin a Black Eyed Peas de Eurodance-Sound géint Reggaeton agetosch. Ausserdeem sinn Deeler aus „You Know You Like“ vum DJ Snake an Aluna George am Titel verschafft. Insgesamt beweegt sech d'Nummer iergendwou tëscht Hip-Hop a Pop, gedroe vum melodiéise Refrain vum  Original.




Aussergewéinleches:
Den J Balvin ass grousse Black Eyed Peas Fan. Deementspriechend huet hie sech total gefreet, dass hie konnt mat sengen Idoler Musek maachen. An och d'Black Eyed Peas sinn happy fir d'Zesummenaarbecht. Fir dem J Balvin fir seng ausverkaafte Show am Staples Center zu LA ze felicitéieren, hunn d'Black Eyed Peas „Ritmo“-Schong fir den J Balvin costumize gelooss.




Fréier Hits
D'Black Eyed Peas haten 2003 mat "Where Is The Love?" hiren éischten Nummer-1 Hit an England. Den J Balvin wra ënner anerem mat "Ginza" A "Mi Gente" an den Charts.





Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Flo Rida, Taio Cruz, Pitbull



Lauschtert eran: