Eldoradio Xclusiv 18. NovemberBillie Eilish - everything i wanted

Mat „everything i wanted“ presentéiert d'Billie Eilish déi éischt nei Single zanter dem Release vu sengem Debütalbum am Mäerz. 

Leschten Update: 18.11.2019, 04:17:02

© Youtube screenshot

Fakten:
Di nei Single ass eng Ballade, déi d'Billie Eilish vun enger méi ongewéinlecher duusser Säit weist. Wéi d'Sängerin sot, ass d'Lidd sengem Brudder a Co-Produzent Finneas dediéiert: „Pretty much that whole song is about me and Finneas‘ relationship as siblings“, sot hatt an engem Interview. „We started writing it because I literally had a dream that I killed myself and nobody cared.“

Aussergewéinleches:
Schonn um Debütalbum vun der Sängerin war d'Dreemen een zentraalt Motiv. Eegenen Aussoen no hat d'Billie Eilish an der Vergaangenheet staark Alpdreem. „I mean, the message behind the song is like […] my brother is my best friend, and I have these dreams and these things happen, and no matter what happens, he’s gonna always be there for me, and it’s the same the other way around“, erzielt d'Billie Eilish.

Fréier Hits
D'Billie Eilish gouf mat der Single "Bellyache" bekannt, an den internationalen Duerchbroch gepackt. Matgeschriwwen a co-produzéiert gouf de Song vu sengem Brudder Finneas O’Connell. Dëst Joer hat hatt mat "Bad Guy" e groussen Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Halsey, Lorde, Tove Lo

Lauschtert eran: