Eldoradio Xclusiv 20. NovemberArizona Zervas- Roxanne

De Museker aus Maryland ass zréck mat senger bis ewell erfollegräichster Single.

Leschten Update: 20.11.2019, 03:32:02

© Youtube screenshot

Fakten:
Di nei Single vum amerikanesche Rapper handelt vum Roxanne, dat Loscht op Party huet. De Beat ass eigentlech éischter entspaant, passt awer och op eng Party.




Aussergewéinleches:
An der Hallefzäit vum Superbowl 2016 huet den  Arizona Zervas ee Lidd iwwert all d'Equippe vun de amerikanescher Futtball-Liga (NFL) eraus bruecht. De Video gouf bannent enger Woch iwwer 8 Millioune Mol ugeklickt. Opmierksamkeet hat de Rapper domat an déi huet hien genotzt fir nach weider Lidder eraus ze bréngen.



Fréier Hits
Wéi den Arizona Zervas 14 Joer al war, huet hie säi Papp verluer. Hien huet laang gebraucht, fir mam Doud vu sengem Papp kloer ze kommen. An dëser Zäit huet hien awer och d'Musek fir sech entdeckt, an déi huet him gehollef, nees Spaass am Liewen ze hunn.




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
G-Eazy, Blackbear, Post Malone


Lauschtert eran: