Eldoradio Xclusiv 21. NovemberOfenbach - Insane

De franséischne Duo ass zréck mat dre neier Single "Insane".

Leschten Update: 21.11.2019, 03:28:01

© Youtube screenshot

Fakten
Am Joer 2017 haten d'Jonge vun Ofenbach mat "Be Mine" hiren éischte kommerziell groussen Hit. Mëtt November hu si hir nei Single "Insane" eraus bruecht.


Aussergewéinleches
Ofenbach setzt sech aus de Produzenten Cesar Laurent de Rummel an Dorian Lauduique zesummen. Di 2 sinn zanter hirer Kandheet befrënt an hu Mëtt vun den 2000er ugefaangen, zesumme Musek ze produzéieren. Ugefaangen hu si mat Rock a Blues, elo sinn si am Beräich Electro-Pop an House gelant.


Fréier Hits
De franséische Produzenten-Duo huet sech mat sengem Sound net just a Frankräich een Numm gemaach.  “Be Mine“ war 2017 hiren éischte groussen Hit, dono koum mat "Katchi" eng weider grouss Single. Enn 2018 haten Ofenbach mat "Paradise" zesumme mam Benjamin Ingrosso ee weideren Hit. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jax Jones, Kungs, Feder

Lauschtert eran: