Eldoradio Xclusiv 22. NovemberBakermat: Baiana

No Hits wéi "One Day" a "Living" ass de Bakermat zréck mat enger weiderer Single.

Leschten Update: 22.11.2019, 04:41:02

© Youtube screenshot

Fakten
Den ugesoten hollännesche Museker, DJ a Produzent Bakermat huet mat "Baiana" dee perfekte Partysong eraus bruecht. Mat Elementer aus Jazz. Elektro an Tropical House suergt hie fir Stëmmung. Den hollänneschen DJ huet sech vum Original vum brasilianesche Grupp Barbatuques inspiréiert 

Fréier Hits
Den hollänneschen DJ a Produzent Bakermat zielt op Spotify e puer Millioune Streams. Säin Deep-House an Tropical-House Stil huet weltwäiten Erfolleg. Och well hien oft natierlech Instrumenter wéi Flütten, Trompetten oder Saxophon a seng Lidder abaut. Säi gréissten Hit ass "One Day (Vandaag)". Och Singele wéi "Do Your Thing", "Baby", "Living", an "Teach Me" waren erfollegräich. 


Aussergewéinleches:
De Lodewijk Fluttert alias Bakermat lieft zu Utrecht an huet do Psychologie studéiert - bis hien mat der Musek den internationalen Duerchbroch gepackt huet.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kungs. Feder, The Magician


Lauschtert eran: