Eldoradio Xclusiv 25. NovemberBenee - Find an Island

D'Benee gëllt als eng vun den intressantsten Newcomerinnen aus Neiséiland.

Leschten Update: 25.11.2019, 03:47:01

Fakten
D'Benee ass eng Newcomerin aus Neiséiland. No senger Debüt EP "Fire on Marzz" ass di 19 Joer al Sängerin elo zréck mat der neier Single "Find An Island".

Fréier Hits
Mat just 19 Joer huet hatt elo schonn d’Musekswelt eruewert  a mat zwou Millioune Visiteuren op Spotify weist hatt, dass hatt zu den intressantsten Newcomer vum Moment gehéiert. Hatt mécht e Mix aus Indiepop an R’n'B an schreift seng Lidder och selwer.


Aussergewéinleches:
Mat Nominéierungen a 4 Kategorien bei den neiséilännesche Music Awards - dorënner Best Solo Artist, Breakthrough Artist of the Year, Best Pop Artist a Single of the Year gouf d'Benee zum “artist to watch” erkläert.  Viru kuerzem huet hatt ee Concert zu Wellington bannent 48 Stonnen ausverkaaft, an huet um Spotify FRONT LEFT Event zu Melbourne zesumme mam Tove Lo & Dominic Fike opgetrueden. Och seng nächst Australien-Tour ass sold out.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dominic Fike, Maisie Peters, Alessia Cara



Lauschtert eran: