Eldoradio Xclusiv 26. NovemberThe Avener Feat. M.I.L.K. - Under the Waterfall

De franséischen DJ a Produzent Tristan Casara alias The Avener ass zréck mat enger neier Single.

Leschten Update: 26.11.2019, 03:06:02

© Youtube screenshot

Fakten
5 Joer no "Fade Out Line" ass The Avener zréck mat der neier Single "Under the Waterfall". Hie schafft hei mam dänesche Museker  M.I.L.K. zesummen.  "Under The Waterfall" ass ee gewinnt danzbaren Titel an anescht wéi "Fade Out Lines" ass et een Original-Song a keng Coverversioun. D'Lidd ass och um neien Album vun  The Avener ze fannen, dee fir Ufank 2020 geplangt ass.

Fréier Hits
Säin Duerchbroch hat den Casara alias The Avener 2014. Hien huet de Bluestitel "Fade Out Lines" vum "Phoebe Killdeer and The Short Straws" an eng Dance-Nummer verwandelt an hat domat a ganz Europa een Hit.



Aussergewéinleches:
Mat 6 Joer huet den Tristan Casara geléiert Piano spillen a krut Coursen a klassescher Musek an Jazz. Hien huet och viru Publikum gespillt an huet e puer Präisser gewonnen. Als Teenager huet hie sech méi fir elektronesch Musek am Beräich House an Deep House interesséiert a sech als DJ en Numm gemaach. Ënner anerem war hien 2 Joer laang Resident DJ am "High Club" zu Nice.




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Ofenbach, Kungs, Feder



Lauschtert eran: