Eldoradio Xclusiv 27. NovemberThe Weeknd- Heartless

3 Joer no sengem leschten Album ass de kanadesche Sänger zréck mat neier Musek

Leschten Update: 27.11.2019, 09:28:04

© Youtube screenshot

Fakten
Den Abel Tesfaye alias The Weeknd ass zréck mat neier Musek. Seng Single "Heartless" wäert op sengem neien a mëttlerweil 4. Studioalbum ze fannen sinn - een Album deen de Museker viru kuerzem als "Chapter 6" betitelt huet. 

Fréier Hits
2 Grammyen, 8 Billboard Music Awards, 2 American Music Awards, 9 Juno Awards an eng Oscarnominéierung fir de Song "Earned It" aus dem Soundtrack vu "Fifty Shades of Grey"  – dat ass de Bilan vum kanadesche Museker. Seng Single "Starboy" huet et esouguer bis un d'Spëtzt vun den Charts gepackt.



Aussergewéinleches:
Gebuer an opgewuess ass The Weeknd als Fils vun ethiopeschen Immigranten am kanadeschen Toronto. Säi Papp huet d'Famill verlooss, wéi hien nach kléng war. Seng Mamm huet d'Famill missen eleng versuergen, si huet am Dag als Infirmière geschafft an nuets englesch Coursen geholl, Do blouf net vill Zäit fir d'Erzéiung vun hirem Bouf an dofir huet seng Groussmamm sech gréisstendeels em hien gekëmmert, Si war et och, déi de Jong mat der Musek vertraut gemaach huet, Am Haus Tesfaye gouf alles gelauschtert, vun Jazz, Pop iwwer Indie bis hin zu Klassik.




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Frank Ocean, Drake, Bruno Mars



Lauschtert eran: