Eldoradio Xclusiv 28. NovemberJames Arthur- Quite Miss Home

De 7. Februar 2020 kënnt den Jame s Arthur live an den Atelier. De Concert ass sold out!

Leschten Update: 28.11.2019, 04:14:01

Fakten:

Eréischt viru kuerzem huet den englesche Sänger James Arthur, als ee vun deene wéinege, mam Lidd „Say you won't let go“ iwwer 1 Milliard Streams op Spotify erreecht. Mëtt Oktober ass säin neien Album „You“ eraus komm- mat Singele wéi „Naked“, „Falling Like The Stars“  an „Empty Space“.Dorops ze fannen ass och seng nei Single "Quite Miss Home". Mat dësem villverspriechenden Album kënnt hien dann och live de 7. Februar 2020 an den Atelier.

 

Aussergewéinleches:
Nieft eegene Songs huet de Castingshow-Gewënner och mam Ryan Tedder vu OneRepublic zesumme geschafft, un engem Song iwwert seng Léift zum Wäin. "Mir hunn ee Song mam Numm "Drink The Wine" geschriwwen. Ee Béier, ee Glas Whiskey oder ee Glas Routwäin ass meng Belounung no engem Concert. Et hëlleft mir dobäi, erof ze kommen an ass dofir eng Belounung."

Fréier Hits:
Den James Arthur hat virdrun Hits wéi "Naked", "Impossible", oder "Say You Won't Let Go"

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
James Bay, JP Cooper, Shawn Mendes

Lauschtert eran: