Eldoradio Xclusiv 2. DezemberFelix Jaehn & Vize & Miss Li - Close Your Eyes

Den DJ Felix Jaehn an den Elektro-Projet VIZE presentéieren hir éischt gemeinsam Single

Leschten Update: 02.12.2019, 04:50:01

© Youtube screenshot

Fakten:
De Vitali vu VIZE an de Felix Jaehn kommen alle béid aus där selwechter Regioun un der Ostsee a si kenne sech schonn zanter 6 Joer. Mat „Close Your Eyes“ brénge si elo hiren éischte gemeinsame Song eraus.  Dominéiert gëtt den Titel duerch di markant Bass-Linn, déi un de VIZE-Stil erënnert. gedroe gëtt de Song duerch dem Miss Li seng Stëmm.

Aussergewéinleches:
„Close Your Eyes“ ass dee leschte Song vum Felix Jaehn ier den DJ am Dezember a Januar e bësse Vakanz mécht. Am Februar kënnt awer schonn deen nächste Song vum Museker. Dass de Felix Jaehn liddereg ass, kann een him deemno net virwerfen. Obwuel säin 2. Album nach net verëffentlecht ass, schreift de Produzent schonn un Songs fir säin 3. Album.


Fréier Hits:
De Felix Jaehn gehéiert zu den erfollegräichsten däitschen DJen. 2014 huet hie mat engem Remix vum Omi sengem Titel "Cheerleader" säi groussen Duerchbroch gefeiert. VIZE hu sech eréischt 2018 gegrënnt. Si haten awer dëst Joer schonn 2 Hits mat "Close Your Eyes" an "Glad You Came".


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Robin Schulz, Alle Farben, Lost Frequencies

Lauschtert eran: