Eldoradio Xclusiv 3. DezemberDon Diablo: Congratulations

Den hollänneschen DJ a Produzent ass zréck mat enger neier Single.

Leschten Update: 03.12.2019, 04:18:01

© Youtube screenshot

Fakten:
Den hollännesche Future House DJ Don Diablo ass zréck mat senger neier Single "Congratulations". Um Mikro ze héieren ass den amerikanesche Sänger Brando, bekannt duerch seng Kollaboratioun mat Loud Luxury um Hit "Body"

Aussergewéinleches:
Den Don Pepijn Schipper alias Diablo huet fréi ugefaangen, elektronesch Musek ze produzéieren an mat 15 Joer säin éischte Plackekontrakt ënnerschriwwen. 2005 huet den Don Diablo säin eegene Label "Sellout Sessions" gegrënnt. Hien huet een Journalismus-Studium mam Bachelor ofgeschloss an selbstänneg als Kameramann geschafft.



Fréier Hits:
Den Don Diablo hat an der lescht eng Partie Hits - dorënner "You’re Not Alone" mam Kiiara a "Brave" mam Jess0ei J, grad wéi Remixer fir bekannte Staren, dorënner e Remix vun "Nothing Breaks Like a Heart" vum Miley Cyrus, a e Remix vu "Sixteen" vum Ellie Goulding. Dëst Joer huet den Don Diablo et ausserdeem op Plaz 6 vum "DJ Mag Top 100" gepackt. Den Don Diablo hat e puer Optrëtter op grousse Festivaller weltwäit, dorënner den Tomorrowland, den Ultra Music Festival an den Electric Love Festival.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Martin Garrix, Sam Feldt, Axwell


Lauschtert eran: