Eldoradio Xclusiv 5. DezemberBlossoms - The Keeper

Di britesch Indieband ass zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 05.12.2019, 03:46:00

Fakten:
Ufank 2020 brénge Blossoms hiren neien Album „Foolish Loving Spaces“ eraus – „The Keeper“ ass déi nei Single vum britesche Quartett.

Aussergewéinleches:
Blossoms hunn 2013 zu Manchester als Schülerband ugefaangen. D'Band hunn si no engem Pub an der Noperschaft benannt. 




Fréier Hits:
Den neien Album „Foolish Loving Spaces“ kënnt den 31. Januar 2020 eraus. Den Album ass den Nofolger vum Longplayer „Cool Like You“, deen et a Groussbritannien bis op Plaz 5 vun den Charts gepackt huet. Inspiréiert gouf den Album ënner anerem vun e puer absolute Klassiker vun der Museksgeschicht, wéi Blossoms selwer soen: ‚It’s just a pure celebration of love in all of its splendid and baffling guises, toying with the so-called sins of lust and forbidden infatuation … inspired, in ways, by a summer spent listening to Stop Making Sense, The Joshua Tree & Screamadelica’.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Wombats, Sam Fender, Tom Grennan



Lauschtert eran: