Eldoradio Xclusiv 6. DezemberAlly Brooke: No Good

Di amerikanesch Sängerin presentéiert mat "No Good" déi éischt Solo-Single ouni Feature-Kënschtler

Leschten Update: 05.12.2019, 16:26:10

© Youtube screenshot

Fakten
No Fifth Harmony huet virun allem d'Camila Cabello solo eng grouss Carrière gestart, awer och di aner Memberen konnte sech eleng duerchsetzen. Sou och d'Ally Brooke, wat elo seng nei Single "No Good" virleet. Di dynamesch Disco-Funk-Produktioun baut op engem Sample vum Kelly Charles House-Klassiker "You're No Good for Me" op (1987, spéider bekannt duerch de Song vun The Prodigy). 


Aussergewéinleches:
Op der neier Single séngt d'Ally Brooke vun engem Mann, deen him net gutt deet, vun deem hatt awer einfach net lass loosse kann: "I'd kiss you goodbye in the dead of the night if I could / I'd start up the car and ride off in the dark, no, I should (Oh yeah, yeah, yeah) / But I see the fireworks the second you call out my name (My name, name, name, my name ) / You put me through Hell but I can't quit you for heaven's sake".



Fréier Hits
Mat "Higher" huet de fréiere Member vu Fifth Harmony dëst Joer eng erfollegräich Zesummenaarbecht mam Matoma presentéiert – virdrun hat di 26 Joer al Sängerin schonn um Titel “Vámonos” mam Kris Kross Amsterdam & Messiah zesumme geschafft, um Titel “Perfect” mam däitsche Producer Topic, an um Song “Look At Us Now” mat Lost Kings & ASAP Ferg.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Cheat Codes, Sigala, Felix Jaehn



Lauschtert eran: