Eldoradio Xclusiv 23. DezemberMabel: Lonliest Time Of Year

D'Mabel ass zréck mat neier Musek!

Leschten Update: 27.12.2019, 08:31:37

© YouTube Screenshot

Fakten:

D'Mabel huet pünktlech fir Chrëschtdag seng nei Single "Loneliest Time Of The Year" eraus bruecht. Domat geet fir d'Sängerin een onwarscheinlecht Joer op en Enn. "Don't Call Me Up" ass di meescht verkaafte Single vum Joer vun enger brittescher Kënschtlerin an och säin Debütalbum "High Expectations" ass a senger Heemecht direkt op Plaz 3 vun den Charts gelant. Den Track "Loneliest Time Of The Year" huet de Sound vun engem klassesche Chrëschtdagslidd mam Mabel senger onverwiesselbarer markanter a gefillsvoller Stëmm.



Aussergewéinleches:
D'Mabel ass d'Duechter vun der Sängerin Neneh Cherry a vum Museksproduzent Cameron McVey (vun  der Band Massive Attack). D'Mabel ass deemno och d'Niess vum Eagle Eye Chery,


Fréier Hits:

2015 huet d'Mabel éischt Lidder eraus bruecht. Säin 1. Hit hat d'Sängerin 2017 mat der Single "Finders Keepers" zesumme mam Rapper Kojo Funds. Ufank 2018 hat hatt mam Titel "Fine Line" ee weideren Hit- des Kéier mam britesche Rapper NOT3S. Dëst Joer huet d'Mabel mat "Don't Call Me Up" säi bis elo gréissten Hit gelant.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Anne-Marie, Ariana Grande

Lauschtert eran: