Eldoradio Xclusiv 30. DezemberOliver Tree - Cash Machine

Den Text vu "Cash Machine“ kann een als Gesellschaftskritik verstoen. Och musikalesch ass de Song vu Punk net wäit ewech.  

Leschten Update: 30.12.2019, 03:32:02

© Youtube screenshot

Fakten:
Enn Mäerz 2020 kënnt dem Oliver Tree säin Debüt-Album „UGLY IS BEAUTIFUL“ eraus. „Cash Machine“ ass déi éischt Single-Auskopplung dovun. De Sound erënnert un 90er Jore Punk-/Rock-Bands wéi Green Day oder Nirvana- mat Ausnam vum deels moderne Synthie-Sound. „Cash Machine“ ass och als Gesellschafts- a Konsumkritik ze verstoen.

Aussergewéinleches:
Den Oliver Tree war professionelle Scooter-Fuerer. Mat 18 huet hie sech awer bei enger Chute béid Handgelenker an weider Schanken an der Hand gebrach.



Fréier Hits
Den US-Amerikaner ass als Kand an enger Zirkusfamill opgewuess an am Zirkus selwer mam Vëlo opgetrueden. Comedy-Sketcher schreift hien och. An och mat der Musek huet hie ganz fréi ugefaangen. Mat 3 Joer huet hie Piano geléiert, mat 5 huet hie säin éischte Song geschriwwen.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Twenty One Pilots, Blackbear, Lil Nas X


Lauschtert eran: