Eldoradio Xclusiv 31. DezemberMessiah, Nicky Jam & Akon- Solito

Messiah, Nicky Jam & Akon presentéiere mat "Solito" ee Reggaeton-Hit

Leschten Update: 31.12.2019, 03:46:01

Fakten:
Mat "Solitudo" (Lonely) presentéieren Messiah, Nicky Jam an Akon ee Reggaeton mat amerikaneschen Trap Elementer an  Samples aus engem eelere Song. De Messiah ass een dominikaneschen Trap-Rapper, deen  mëttlerweil zu New York wunnt. Hien huet och scho mam Cardi B op sengem Remix "Bodak Yellow" zesumme geschafft. 

Aussergewéinleches:
Den definitiven Duerchbroch hat den Nicki Jam mam weltwäiten Mega-Hit „El Perdon“ (mam Enrique Iglesias). An den Billboard Hot Latin Songs-Charts war de Song 26 Wochen hannerteneen un der Spëtzt – méi laang wéi d'Shakira virun 10 Joer mat „La Tortura“.  



Fréier Hits
Den Nicky Jam hat 2015 mat "El perdón" zesumme mam Enrique Iglesias säin éischten internationalen Hit. Net just war et en Nummer-1 Hit an Europa, mee och fir den Nicky Jam deen éischten Hit an den amerikanesche Billboard Charts.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
J. Balvin, Luis Fonsi, Ir-Sais



Lauschtert eran: