Eldoradio Xclusiv 13. JanuarAva Max- On Somebody

No Hits wéi "Sweet But Psycho" an "Torn" ass d'Ava Max zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 13.01.2020, 03:18:02

© Youtube screenshot

Fakten:
2018 konnt d'Ava Max mat sengem "Sweet But Psycho" säi groussen Duerchbroch feieren. Mat sengen Hits "Salt",  "So Am I", "Freaking Me Out" a virun allem och "Torn" huet hatt 2019 säin Erfolleg vu leschtem Joer confirméiert. De Start an dat neit Joer ass oft eng gutt Geleeënheet, fir vergaangen Libesgeschichten an Häerzschmäerz hannert sech ze loossen.  D'Ava Max liwwert mat senger Single "On Somebody" di perfekt Ënnerstëtzung dobäi. Dëst Joer soll och säin Debut-Album erauskommen. 

Aussergewéinleches:
Duerch senger Mamm hir Virléift fir d'Oper ass d'Ava Max scho ganz fréi mat Musek a Kontakt komm. A senger Schoulzäit huet d'Ava Max dunn éischt Erfarungen als Sängerin op enger Bühn konnte sammelen. Mat 14 Joer huet hat mat der Hëllef vum Pharell Williams de Sprong an d'Museksgeschäft gepackt. Zu senge musikalesche Virbiller zielt d'Ava Max ënnert anerem d'Madonna, d'Gwen Stefani, d'Fergie an d'Christina Aguilera. 

Fréier Hits:
Am August 2017 huet den amerikaneschen DJ a Produzent Le Youth den Titel "Clap Your Hands" released, op deem d'Ava Max als Gaascht-Musekerin ze héieren ass. Et war di éischt Single déi hat ënnert sengem Kënschtlernumm "Ava Max" erausbruecht hat. Am Joer duerno sollt hat bei Atlantic Records e Plackekontrakt ënnerschreiwen an ënnert anerem d'Singelen "My Way" a "Slippin" zesumme mam Gashi verëffentlechen. Am August vun deem selwechte Joer huet d'Ava Max dunn mat "Sweet But Psycho" säin Duerchbroch gefeiert. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Mabel, Camila Cabello, Dua Lipa


Lauschtert eran: