Eldoradio Xclusiv 15. JanuarHalsey - You Should Be Sad

D'Halsey presentéiert di nei Single " You Should Be Sad" aus sengem 3. Album "MANIC".

Leschten Update: 15.01.2020, 03:19:01

© Youtube screenshot

Fakten:
Eng Woch virum Release vum 3. Album "Manic" huet di amerikanesch Sängerin Halsey hir nei Single "You Should Be Sad" eraus bruecht. Et ass mëttlerweil di 6. Singleauskopplung vum neien Album, dorënner war och d'Hitsingle "Graveyard" dobäi.  "Manic" ass den Nofollger vum Album "Hopeless Fountain Kingdom", deen 2017 eraus komm ass. Den Debütalbum "Badlands" koum 2015 eraus. Béid Alben goufen iwwer eng Millioun Mol verkaaft an hu Platin-Status an den USA erreecht.


Aussergewéinleches:
Di 25 Joer al Sängerin geet am Februar mam neien Album op grouss Welttournée! Och een Tëschestopp zu Lëtzebuerg ass dobäi: de 4. Mäerz an der Rockhal.



Fréier Hits
D'Halsey huet scho mat The Chainsmokers, G-Eazy, BTS a villen aneren zesumme geschafft. Mam Titel "Ghost" huet di New Yorker Sängerin 2014 fir d'éischte Kéier op sech opmierksam gemaach. Mëttlerweil kuckt hatt op 2 Studioalben zréck an op e sëllechen Hits wéi "Without Me" an "Nightmare". Am Mee 2019 huet hatt mam Titel "Nightmare" d'Lead-Single vum neien Album "Manic" eraus bruecht. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Ariana Grande, Alessia Cara

Lauschtert eran: