Eldoradio Xclusiv 16. JanuarCeleste - Stop This Flame

Enn 2019 huet di brittesch Kënschtlerin Celeste den Album "Compilation 1.1" erausbruecht

Leschten Update: 16.01.2020, 16:07:56

© Youtube screenshot

Fakten:
Di jonk Sängerin gouf dëst Joer bei de Brit Awards zum Rising Star 2020 ernannt an huet bei der BBC Sound Of 2020 Ëmfro gewonnen. Mat "Stop This Flame" weist d'Celeste, dass hatt des Auszeechnunge méi wéi verdéngt huet.

Aussergewéinleches:
"Stop this flame" ass ee Song doriwwer, wéi een eppes bis zum batteren Enn duerchzitt", seet d'Soul-Sängerin Celeste iwwert seng nei Single. “Ob et elo drëm geet, d'Léift net lass ze loossen, een Dram, oder mat engem anere Bléck aus enger schwiereger Situatioun eraus ze goen."


Fréier Hits
Grouss Hits hat hatt nach keng. Am Februar wäert d'Celeste awer live bei de Brit Awards optrieden. Am Abrëll geet hatt op Headliner-Tour.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Joss Stone, Amy Winehouse, Adele


Lauschtert eran: