Eldoradio Xclusiv 16. JanuarTame Impala- Lost In Yesterday

Tame Impala presentéieren hir Single „Lost In Yesterday“ aus dem neien a mëttlerweil 4. Studioalbum

Leschten Update: 17.01.2020, 05:30:01

© Youtube screenshot

Fakten
Tame Impala sinn eng vun de markantsten Indiebands aus de leschte Joren. No 4 Joer Paus hu si sech zejoert zréck gemellt mat neie Singelen , a mat engem méi poppege Sound ewéi fréier. Dass si awer ëmmer nach gären op der Gittar experimentéieren, weise si lo op hirer neier Single „Lost In Yesterday“, den neien a mëttlerweil 4. Studioalbum kënnt de 14. Februar eraus.

Aussergewéinleches:
Den neie Sound vun der Band ass däitlech méi poppeg. De Frontsänger Kevin Parker huet an engem Interview erzielt, dass hie momentan probéiert, fir nei Pop-Songs, d' „Lady Gaga an him“ z'aktivéieren. Mat der Sängerin huet hie schonn e puer Mol zesumme geschafft.

 

Fréier Hits: 
Mat hirem Debütalbum "Innerspeaker" hunn si et 2010 direkt op Plaz 4 vun den australeschen Albumcharts gepackt. Och an Europa sinn si an d'Albumcharts komm.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kasabian, Arcade Fire, Arctic Monkeys

Lauschtert eran: