Eldoradio Xclusiv 19. JanuarTopic Feat. A7S- Breaking Me

No sengem Hit "Let Us Love" ass den däitsche Museksproduzent zréck mat senger neier Single "Breaking Me"

Leschten Update: 20.01.2020, 03:16:01

Fakten:
Den däitschen DJ a Produzent (Tobias) Topic huet seng Carrière am Alter vu 16 Joer ugefaangen. Deemools huet hie seng Lidder op Social-Media eraus bruecht, huet seng Videoe mat Ënnerstëtzung vu senge Frënn gedréit a säi Merchandise selwer gemaach. Mëttlerweil gouf de Museker scho mat Platin ausgezeechent. Elo ass de Produzent zréck an huet sech fir seng nei Single mam schwedeschen DJ A7S zesumme gedinn. Déi nei Kollaboratioun "Breaking Me" ass eng melodiéis Dance-Nummer!

Aussergewéinleches:
Ugefaangen huet de Fils vun engem kroateschen Papp an enger däitscher Mamm seng Carrière schonn am Alter vu 16 Joer mat de  Filmer vun éischte Musek-Videoen zesumme mat Frënn an dem Verkaf vu Merchandise fir YouTube-Staren, quasi direkt aus der Kiche vu senger Mamm.
 

Fréier Hits
Den Duerchbroch war dem Topic Ufank 2016 gelongen, wéi seng 2. Single „Home“ (feat. Nico Santos) Plaz 1 vun den däitschen Aiplay-Charts erreecht huet a mat Gold ausgezeechent gouf.  Nieft enger Dose Singelen (dorënner Hits mam Ally Brooke vu Fifth Harmony an Jake Reese) huet den Topic och Produktioune fir aner Acts (Kayef, Liont u.a) gemaach.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Flo Rida, Benny Blanco, Mike Posner

Lauschtert eran: