Eldoradio Xclusiv 22. JanuarJonas Brothers- What A Man Gotta Do

No hirem Hit "Only Human" sinn d'Jonas Brothers zréck mat enger weiderer Single.

Leschten Update: 22.01.2020, 05:40:01

© Youtube screenshot

Fakten
Zanter hirem Comeback 2019 bréngen di 3 Jonas Brothers een Hit nom aneren eraus. Nieft "Sucker" an "Only Human" sinn elo zréck mat enger weiderer Single. Wat muss ee Mann maachen, fir d'Häerz vun enger Fra ze gewannen? Di nei Single “What A Man Gotta Do” vun den Jonas Brothers beschäftegt sech genee mat där Fro. Di 3 Bridder sangen dovun, sech onstierflech ze verléiwen a kee Mann fir eng Nuecht, mee fir d'Liewen ze hunn.

Fréier Hits:
Di 3 Jonas-Bridder haten d'Band 2005 gegrënnt.  Bekannt goufen si och duerch den Disney-Film Camp Rock, an deem si nieft der Sängerin Demi Lovato virun der Kamera stinn. 2013 hunn d''Jonas Brothers  sech wéinst "Komplikatiounen bannent der Grupp" als Band getrennt. An der Tëschenzäit hat den Nick eng Solokarriäre lancéiert an den Joe war als Frontmann vun DNCE erfollegräich.  


Aussergewéinleches:
D'Jonge ware scho mat de Backstreet Boys, Avril Lavigne a Miley Cyrus op Tour an am Film "Camp Rock" hu si nieft dem Demi Lovato d'Haaptrollen iwwerholl.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Shawn Mendes, DNCE, Adam Lambert

Lauschtert eran:


Links