Eldoradio Xclusiv 23. JanuarBenee-Glitter

Di neiséilännesch Newcomer presentéiert mat "Glitter" eng Single vu senger Debüt-EP.

Leschten Update: 23.01.2020, 05:50:01


Fakten
D'Benee ass eng Newcomerin aus Neiséiland. „Glitter“ ass um Benee senger éischter EP "Fire On Marzz" ze fannen.

Fréier Hits:
D'Benee huet sech als neuséilännesch Kënschtlerin mat sengem Hit „Soaked“ bekannt gemaach. De Song gouf am australeschen Triple-J-Radio Hottest 100 vun 2018 opgelëscht a war 2 Méint laang d'Nummer 1 vun den neiséilänneschen Shazam Top 100. Ausserdeem gouf de Song an Neiséiland an Australien mat Gold ausgezeechent. 


Aussergewéinleches:
D'Benee ass an der neiséilännescher Uertschaft Auckland an enger kreativer Gemeinschaft opgewuess an huet sech scho fréi fir Konscht intresséiert. Nodeems d'Benee e puer Coverversiounen op SoundCloud gesat huet, huet hatt zesumme mam  Produzent Josh Fountain éischt eege Lidder.




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Julia Michaels, Lauv, Dean Lewis




Lauschtert eran: