Eldoradio Xclusiv 27. JanuarTate McRae - Stupid

Di kanadesch Newcomerin presentéiert déi éischt Single vu senger Debut-EP.

Leschten Update: 27.01.2020, 03:02:01

© Youtube screenshot

Fakten
D'Sängerin Tate McRae kënnt vu Calgary, am Kanada, huet awer als Kand am Oman gelieft. Ufank vun dësem Joer bréngt hatt seng Debüt-EP "all the things i've never said" eraus. Dorop ze fannen ass och di aktuell Single "Stupid".


Aussergewéinleches:
Fun Fact: An der Kanner-Serie "Lalaloopsy" huet d'Tate seng Stëmm dem Personnage "Spot Splatter Splash" ginn.


Fréier Hits
Éischte Succès hat d'Tate McRae als Dänzerin - ënner anerem huet hatt et op Plaz 2 vun der 13. Staffel vun der Serie "So You Think You Can Dance" gepackt. Hatt krut als Dänzerin och nach aner Awards an Auszeechnungen. 2017 hat eng Musekserie mam Numm “Create with Tate” op sengem YouTube Kanal, wou hatt reegelméisseg nei Musek verëffentlecht. Mëttlerweil huet hatt e puer Millioune Streams bei Spotify a gëtt vum i-D Magazin als „future pop idol“ bezeechent. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lauv, Shawn Mendes, Dean Lewis


Lauschtert eran: