Eldoradio Xclusiv 30. JanuarBenjamin Ingrosso - The Dirt

Den 23 Joer ale schwedesche Sänger ass zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 30.01.2020, 05:18:01

© Youtube screenshot

Fakten
No sengem Debütalbum "Identification" ass de schwedesche Sänger zréck mat enger neier Single. Iwwert di nei Single seet de Museker folgendes: “This is the first song I am releasing where I get to tell a story, that’s not about me at all. But I love it and hope everyone will get in the mood to dance.” 


Aussergewéinleches

Tëscht 2008 an 2011 war de Benjamin Ingrosso an e puer Musicalproduktiounen ze gesinn. 2014 ass hie bei der schwedescher Versioun vu "let's dance" opgetrueden an huet d'Show zesumme mat der Profidänzerin Sigrid Bernson gewonnen. 2018 huet hie Schweden beim Eurovision Song Contest zu Lissabon vertrueden.



Fréier Hits
Säin Debütalbum "Identification" ass a senger schwedescher Heemecht op Plaz 1 vun den Charts geklommen. 



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Namika, Tim Bendzko, Noic Lottet


Lauschtert eran: