Eldoradio Xclusiv 3. FebruarMae Muller- Therapist

Di jonk brittesch Newcomerin Mae Muller presentéiert hir nei Single "Therapist". 

Leschten Update: 03.02.2020, 04:41:01

© Youtube screenshot

Fakten
Di jonk brittesch Sängerin Mae Muller huet virun e puer Deeg hiren neie Song "Therapist" eraus bruecht. "Therapist" thematiséiert d'Roll vun enger Fra an enger "one-way"-Bezéiung, an där hatt di ganz Aarbecht op sech hëlt, näischt zréck kritt a schliisslech d'Decisioun hëlt, dass et genuch ass.


Aussergewéinleches
D'Mae Muller erënnert mat senger souleger Stëmm un d'Adele oder d'Amy Winehouse. D'Sängerin aus dem Nordweste vu London huet sech schonn ëmmer fir Musek interesséiert, ass awer ni op eng Museksschoul gaangen.

Fréier Hits
Virun 2 Joer huet d'Mae Muller seng Karriär am Netz lancéiert. Dee Moment huet hatt nach als Serveuse an engem Café geschafft. Wéi hatt säin éischte Song "Close" erop gelueden huet, ass alles ganz séier gaangen. Seng Lidder wéi "Jenny" a "The Hoodie Song", goufe milliounefach gestreamt. Am Abrëll 2019 ass säin Debütalbum "Chapter 1" eraus komm.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Mabel, Jessie J, Emeli Sandé, 


Lauschtert eran: