Eldoradio Xclusiv 4. FebruarHayley Williams - Simmer

Bekannt als Frontsängerin vu Paramore start d'hayley Williams elo solo duerch.

Leschten Update: 04.02.2020, 03:11:02


Fakten
D'Hayley Williams war senger Band jorelaang trei. Mee no geheimnisvollen Teaseren Ufank vum Joer wësse mer elo, dass en neien Album kënnt an zwar als Solo-Artist. An der éischter Single-Auskopplung „Simmer“ bitt hatt düster elektronesch Téin a weist eng ganz aner Säit vu sech.



Aussergewéinleches
Bei sengem neie Soloprojet verzicht d'Hayley Williams awer net op seng laangjäreg Bandkolleegen, déi hatt beim Songwriting an och bei der Albumtour ënnerstëtze wäerten.

Fréier Hits
Paramore hunn et mat hirem Album "Brand New Eyes" vun 2009 un d'Spëtzt vun den Charts gepackt. 2015 hunn si fir den Titel "Ain’t It Fun" e Grammy fir de beschte Rocksong gewonnen.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lana Del Rey, Florence & The Machine, Ellie Goulding


Lauschtert eran: 

Links