Eldoradio Xclusiv 5. FebruarTom Grennan - This is the Place

2 Joer no sengem erfollegräichen Debütalbum mellt de brittesche Sänger sech zréck.

Leschten Update: 05.02.2020, 05:50:18

© eldo archiv

Fakten:

Säin Debütalbum huet méi wéi eng Véierel Milliard Streams notéiert an et war ee vun de meescht verkaaften Debütalben vum Joer 2018. Elo ass dee 24 Joer ale Sänger a Songwriter zréck mat der neier Single "This Is The Place". Et ass een éischte Virgeschmaach op säin 2. Album, deen dëst Joer eraus kënnt. "An dësem Song geet et dorëm, eng komplett roueg Plaz ze fannen, wou ech vun deem ganze Chaos a flüchten", seet de Museker. "Egal op eleng, oder mat där Persoun, déi ech gären hunn."



Aussergewéinleches:
Als Teenager wollt den Tom Grennan Profifuttballspiller ginn. Hien huet sech dunn awer fir d'Musek decidéiert. Dës Decisioun dierft den 21 Joer ale Sänger kaum bereien.

Fréier Hits
2016 huet den Tom Grennan seng Debüt-EP "Something In The Watereraus bruecht. Den Titeltrack war deen éischte groussen Hit fir de Museker.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Walker, Lewis Capaldi, JP Cooper

Lauschtert eran: