Eldoradio Xclusiv 6. FebruarMax Frost - Back in the Summer

Nom Hit "Good Morning" ass de den amerikaneschen Sänger zréck mat enger neier Single.

Leschten Update: 06.02.2020, 02:56:01

© Youtube screenshot

Fakten:
De Matthew Alexander Frost alias Max Frost kënnt vun Austin, am Texas. Hie gouf virun 2 Joer mam Song "Good Morning" aus engem Vodafone-Spot  bekannt. 2018 huet hien och säin Debütalbum "Gold Rush" eraus bruecht. Elo ass hien zréck mat der éischter neier Single fir 2020.


Aussergewéinleches:
Ier hien seng Solocarrière gestart huet, war de Max Frost als Drummer a Gittarist a verschiddenen Amateurbands vun Texas aktiv. D'Museksexperten vum Rolling Stone-Magazine zielen hien schonn zu den "10 Artists You Need To Know".

Fréier Hits:
2013 war säi Song "White Lies" bei Hype Machine op Plaz 1 an der „Most Popular Tracks On Blogs Now“-Rubrik. 2015 ass seng 1. EP „Intoxication“ eraus komm. Den Duerchbroch koum 2018 mat "Good Morning".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Capital Cities, Milky Chance, American Authors

Lauschtert eran: