Eldoradio Xclusiv 7. FebruarGiant Rooks - Watershed

Di däitsch Indieband ass zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 07.02.2020, 03:52:01

© Youtube screenshot

Fakten:
Zanter e puer Joer sinn Giant Rooks an der  Indie-Welt ënnerwee. Nom Hit "Wild Stare" sinn si zréck mat der neier Single "Watershed" . Den Track handelt vun engem neien Ufank a gläichzäiteg vu Vertrautheet, wat sech och musikalesch äussert. Mat „Watershed“ hunn d'Giant Rooks hire Sound definitiv weider entwéckelt, awer sinn trotzdeem sech selwer trei bliwwen.


Aussergewéinleches:
Giant Rooks hunn eppes fäerdeg bruecht, wat fir eng däitsch Indie-Band ongewéinlech ass: De Quintett huet an de UK an an den USA Erfolleg. Si hate schonn een Optrëtt zu Los Angeles, dono koumen Concerten an England.


Fréier Hits
Obwuel sech dee jonke Quintett eréischt 2014 gegrënnt gouf, gëtt e scho mat internationale Gréissten wéi Arcade Fire an Alt-J verglach an als intressantsten Newcomer vun der däitscher Indie-Szene gehandelt. Si kombinéieren experimentelle Sound mat poppegen Elementer. Mat der Single "Wild Stare" haten si 2019 een éischten Hit.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Leoniden, Kraftklub, Bosse

Lauschtert eran:


Links