Eldoradio Xclusiv 10. FebruarMamas Gun- This is the Day

Di brittesch Indieband ass zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 10.02.2020, 14:12:04

© Youtube screenshot

Fakten:
Zanter 2008 sinn zu London 5 Museker ënnert dem Numm "Mamas Gun" ënnerwee.  No hirem Album „Golden Days“ vun 2018 sinn si elo zréck mat der neier Single "This is the Day".


Aussergewéinleches:
De Quintett kléngt guer net no de Britteschen Inselen, villméi schéint d'Liichtegkeet vun der US-amerikaneschen Westküst duerch. Den Afloss vum sonnege Poprock vu Steely Dan an den Doobie Brothers schéint di Londoner Band inspiréiert ze hunn. Muncher héiere bei Mamas Gun och Fleetwood Mac eraus, anerer de Stevie Wonder – ganz no de 70er Joren.


Fréier Hits
A Südostasien si Mamas Gun längst Staren. A Japan waren si 2009 souguer dee meescht gespillten Act um Radio- nach virum Madonna. An hirer brittescher Heemecht ass dogéint nach Loft no uewen.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Mayer Hawthorne, Macy Gray, Tom Misch

Lauschtert eran: