Eldoradio Xclusiv 11. FebruarMeek Feat. Justin Timberlake - Believe

Meek Mill an Justin Timberlake presentéieren zesummen dee motivéierende Song "Believe"

Leschten Update: 11.02.2020, 03:50:01

© Youtube screenshot

Fakten:
De Popstar Justin Timberlake (39) huet sech no 2 Joer musikalesch zréck gemellt - op enger Single vum US-Rapper Meek Mill (32). Virdrun hat de Rapper de Release op Instagram ugekënnegt."Dëst Lidd just zu Motivatiounszwecker!", schreift de Rapper am Kommentarfeld. Den Anti-Droge-Song ass een Appell, sech un den eegenen Dreem z'orientéieren, an net un iergendenger enger Sucht.


Aussergewéinleches:
De Meek Mill ass eréischt virun 2 Joer aus dem Prisong fräi komm. Wéinst illegalem Drogen- a Waffebesëtz an engem spéidere Verstouss géint seng Bewärungsoploen gouf de Rapper zu enger Prisongsstrof verurteelt. De Fall huet international fir Opmierksamkeet gesuergt an war d'Grondlag vum Jay-Z senger Dokuserie "Free Meek".


Fréier Hits
De Meek Mill huet säi leschte Studioalbum „Championships“ 2018 eraus bruecht a Plaz 1 vun den US-Charts erreecht. Ënnert de Special Guests vum Album si Cardi B, Drake, Jay-Z,  Future, an nach anerer. Den 32 Joer ale Museker ass et deemno gewinnt, mat bekannte Staren zesummen ze schaffen.  Trotzdeem freet hie sech iwwert d'Kollaboratioun mam Justin Timberlake ganz besonnesch: „I just smoked I had to laugh… I really got a song wit Justin Timberlake“, heescht et an engem Tweet. Fir den Justin Timberlake ass de Song deen éischte Release zanter sengem Album "Man of the Woods" vun 2018.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Drake, DJ Khaled, French Montana

Lauschtert eran: