Aner Musek Themen
Timid Tiger
Hannert dem Numm Timid Tiger stieche 5 Museker vu Köln, déi lo hiren 2. Album eraus brengen.

Timid Tiger wierken an hire Showen genee sou, wéi een et beim lauschteren vun hirer Musek erwart: De Sänger Keshav an de Gittarist Christian hopsen am Takt vun der Musek iwwert d'Bühn, spillen op Flütten an aneren Instrumenter aus der Kandheet a klappen bei all Gelegenheet am Takt.
Di 2 Songwriter begéinen sech fir d'éischt am Summer 2002 an enger kölner Disko. Säitdeem schreiwen si zesumme Lidder, déi mam Keshav senger Band agespillt ginn. No an no kristalliséiert sech d'Iddee vum sougenannten Cartoon Pop eraus.
A besser léisst dech di kölner Band beim beschte Wëllen net beschreiwen. Timid Tiger sinn sou eppes wéi den Donald Duck ënnert de Musekbands, just quakt bei Timid Tiger keen donkelgielt Mondwierk, mee gläich eng ganz Armada vu Syntheziser. A wann di elektresch Instrumenter mol net déi passend Geräischer parat hunn, gëtt halt zweck enfriemt wat sou ronderem läit. Zongeschnalzen, Dëppe schloen, eng Kiermesuergel, eng Velostuut - fir nëmmen eng kléng Auswiel ze ginn.
2005 bréngen Timid Tiger hiren Debütalbum eraus a landen direkt mat der 1. Single „Miss Murray“ en Hit. D'Aussiicht op eng roseg Zukunft verdonkelt sech abrupt fir d'Band wéi hire Label „L'Age d'Or“ kurz drop an d'Krise geréit a schliessslech Faillite mécht. Et gëtt roueg em den Tiger.
2009 kënnt endlech den Happy End fir d'Band. Mat neier Besetzung um Bass an der Batterie grad wéi neiem Label sinn Timid Tiger nees zréck. Musikalesch spillen si mat hirem Elektro-Pop wéi zu alen Zäiten d'Depressiounen fort. Den Album „Timid Tiger and the electric island“ ass vu lo un am Plackebuttek ze kréien, a vläicht geschwënn och schonn an der Apdikt vun äerer Wiel.
Weider Artiklen
![]() | 9. Feb 09:14 De Phenomen "Skrillex" |
![]() | 2. Feb 17:19 Anx 74 mat éischter Single a Videoclip |
![]() | 20. Jan 09:42 Tréirer Band Vandermeer gewënnt Facebook-Concours |
![]() | 17. Jan 11:57 Lumi presentéieren hiren éischten Album "Cycles" |
![]() | 12. Jan 10:17 Lëtzebuerger bei "The Voice" |
![]() | 10. Jan 11:59 Etude seet: "Club 27" ass e Mythos |
![]() | 9. Jan 12:00 Downloads iwwerhuelen CD-Verkaf |
![]() | 27. Dez 15:20 Eldoradio Concerts-Réckbléck 2011 |
![]() | 27. Dez 14:59 Best of Alben 2011 + Ausbléck 2012 |
![]() | 16. Nov 15:47 Feierblumm, produzéiert Museksvideo'en |
Alternative content
























