Aner Musek Themen
Corinne Bailey Rae
Der 30 Jor aler Sängerin war virun 4 Jor den Durchbroch gelongen. Am März huet den Doud vun hirem Mann d'Carriere gestoppt. Lo mellt hatt sech zréck.

Den Debütalbum hat d'Englännerin mat kléngem Budget an ouni Plackekontrakt opgeholl. Net zulescht wéinst de Singelen „Put Your Records On“ an „Like A Star“ ass den Album op Platz 1 vun de briteschen Charts era geklommen. An den USA ass et dem Corinne Bailey Rae als éischt britesch Sängerin zanter Jorzengten gelongen, direkt an d'Top 20 vun der HIitparade virzedréngen. 4 Milliounen verkaften CD'en hunn hatt zum Star gemach.
D'Corinne Bailey Rae huet schonn un neiem Material geschafft, wéi et den 22. März 2008 während enger Taxifahrt en Uruff vun der Police krut. Säi Partner, den Jazz-Saxofonist Jason Rae, war an der Wunneng vun engem Frënd un enger Iwwerdosis Alkol a Methadon gestuewen. De Schock war grouss.
No enger Réckzuchsphase huet d'Sängerin nees ugefangen u Musek ze denken. Lidder goufe fäerdeg gemach oder nei geschriwwen an a verschiddene Studio'en opgeholl. Den Titelsong „The Sea“ war deen éischte Beitrag fir den Album - entstanen bal vrun der eegener Hausdir. D'Lidd gouf am Wanter an enger Scheier opgeholl, net wait vum Mier ewech.
Net nëmmen an dësem Lidd iwwert e fatalt Bootsaccident vu sengem Grousspapp spillt den Doud eng zentral Roll. Erstaunlech, mat wéi enger Kraft d'Sängerin de Schrëtt op d'Bühn gepackt huet. Bei sengem Verloscht hätt d'Sängerin och vill schéines erlieft, seet d'Corinne Bailye Rae. Den Titelsong handelt dovun, wéivill Schéinheet an der Trauer stécht- eben well aner Mënschen an d'Natur engem Trouscht ginn.
Weider Artiklen
![]() | 9. Feb 09:14 De Phenomen "Skrillex" |
![]() | 2. Feb 17:19 Anx 74 mat éischter Single a Videoclip |
![]() | 20. Jan 09:42 Tréirer Band Vandermeer gewënnt Facebook-Concours |
![]() | 17. Jan 11:57 Lumi presentéieren hiren éischten Album "Cycles" |
![]() | 12. Jan 10:17 Lëtzebuerger bei "The Voice" |
![]() | 10. Jan 11:59 Etude seet: "Club 27" ass e Mythos |
![]() | 9. Jan 12:00 Downloads iwwerhuelen CD-Verkaf |
![]() | 27. Dez 15:20 Eldoradio Concerts-Réckbléck 2011 |
![]() | 27. Dez 14:59 Best of Alben 2011 + Ausbléck 2012 |
![]() | 16. Nov 15:47 Feierblumm, produzéiert Museksvideo'en |
Alternative content
























